Categories
Politesch Positionen

Gesagt, getan!

De Regierungsaccord 2018-2023 vu GAMBIA 2.0

Den 03.Dezember 2018, ass no Woche vu schwéiere Verhandlungen, den aktuelle Regierungsaccord fir di kommend Legislaturperiode 2018-2023 endlech vun deenen dräi Koalitiounspartner ofgeseent ginn.

Et sollt ee villverspriechenden Accord ginn, de betonfest ass an di knapp Majoritéit mat 31 Sëtz net a wackele bréngt.

Ënnert anerem sinn do och all di Unhaltspunkten, déi ech wärend der Wahlcampagne vertrueden hunn, integral abegraff.

Hei sinn eng Rei vu Beispiller mat dem jeeweilegen Extrait aus dem Regierungsaccord:

  • Dageselteren a Mini-Crèchen als Erweiderung zur Crèchen.

“Parallèlement à l’extension de la démarche qualité dans l’éducation non-formelle, la mixité d’offres d’accueil de qualité (crèches, mini-crèches, assistants parentaux) sera également favorisée. Afin de répondre davantage aux besoins des parents travaillant pendant des horaires irréguliers, une flexibilisation des heures d’ouverture, ainsi que l’implantation de structures d’accueil dans des zones d’activités, seront également analysées.”

“Le chômage des jeunes a considérablement baissé, largement à cause de la « garantie pour la jeunesse ». Celle-ci sera améliorée et complétée par une obligation et une garantie de la formation.

“La langue et la culture luxembourgeoise seront renforcées à l’école fondamentale et au lycée avec l’élaboration de matériels didactiques adéquats. Chaque élève des classes supérieures aura la possibilité de suivre des cours facultatifs en matière d’expression écrite du luxembourgeois et d’histoire culturelle du pays.
L’apprentissage de la langue luxembourgeoise sera introduit de manière systématique dans les écoles internationales privées.”

De komplette Regierungsaccord fënnt dir ënnert den heite Link:

https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2018/12-decembre/Accord-de-coalition-2018-2023.pdf

2 replies on “Gesagt, getan!”

Dir schreift dass dei nei Regierung eist Land waert virun brengen!!! An waat dei Aarm nach mei aarm maan, den Mettelstand kapot maan an dei Reich nach mei Reich. Eierlech 22€ mei am Mindestloun waat eng Frechheet. Spillt wuel Macron dei zwee kennen sech Hand gin.
An Crechen an Daageseltren waat soll daad ??? Elterengeld daad wier Leisung gewiecht , meng Kanner mussen net vun friemen erzunn gin ! Geseit een jo waat dobei erauskennt nemen Lausboufen!!! Sry mer Aer Astellung as dei falsch an wei gesoot mierkt een et jo rem zegudds das LSAP der DP halt rem nodackelt. Aer Partei kann sech schummen an misst mol seiet hieren Numm änneren well sozial an fir Arbiichter as Aer Partei well laang net mei! Dest as meng Meenung an sou gesin et och vill annerer ! Irgendwann steet den Letzebuerger op an dann get et hei wei den Moment an Frankreich… een kollektiven ras le bol!! An Letzebuergesch an international Privatschoulen anfeieren daad as deen greissten Nonsens ! Mengt der wirklech dass dei Reich eis Sprooch brauchen an der Primärschoul an an den Lycéen misst et als Hasptfach agefouert gin net deen Schwachsin do…..Mein Land deed mer esou leed mat esou Politiker get den Letzebuerger mat senger Sprooch enner……

Herr Schmitz, dir schéngt jo komplett anti Gambia ze sinn an dat ass är gudd Recht! Di Diskussion haate mer awer schon.

-Verdéngt dir de Mindestloun als Buschauffeur? Soguer wann, et ass eng gudd Saach dat de Mindestloun em 100EUR erhéicht gëtt.
Firwat elo net op eng Kéier mais an 3 Tranchen ass eng wahrscheinlech éischter eng budgetaire Fro!

Komm sinn mer awer éierlech…Dir wësst schon dat eist Regierung fir d’éicht eng Erhéichung vum Mindestloun annoncéiert huet… réichten puer Deeg drop huet de Macron di selwecht Mesure als Reaktioun zur Onrouen a Frankreich geholl!

Elterngeld oder gratis Kannerbetreiung.. dat ass awer définitive ee politesche Choix! Prinzipiell wier dat näicht schlechtes. Mais wann der Elterngeld léiwer hätt, dann huet der missten wärend de Waalen ADR wielen! Si sënn net an der Verantwortung, also gëtt dat och net duerchgesaat.

Dat dir géint LSAP a DP sinn, huet sech an ärem läschte Kommentar scho däitlech gema. Opjiddefalls LSAP wäerd sech inhaltlech a personell iwwert di nächst Joer erneieren… ech ginn mech dorunn dat dat och geschitt!

Ech wor an deene Deeg vu Demonstrationen och zu Paräis gewierscht.. vill Leit sinn op d’Strooss gaang ouni genau ze wëssen firwat, an verschiddner wollte nemmen randaléieren.

D’Lëtzebuerger Sprooch als Option an International Schoulen mëcht scho Sënn. Ech hunn duerch vill Jugendprojeten lauter Jonker kennegeleiert déi an den Internationale Schoule woren, a schued fonnt hunn dat se eis Sprooch net geléiert hunn! �

Am Géigensaatz zu Iech, sinn ech stolz a houffreg op eist Land. Natierlech ass net alles perfekt an sinn vill Chantieren déi opstinn. Dofir sinn ech och aktiv ginn, fir vläit ee klenge Beitrag kënne ze leeschten.

Vläit wier et och un Iech aktiv ze ginn an eng Hand mat upaacken?

Mat beschte Gréiss,
Amir Vesali

Leave a Reply to Schmitz Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *