
05 Oct RECHT OP ENG AUSBILDUNGSPLATZ
FIR DAT RECHT OP ENG AUSBILDUNGSPLATZ FIR JIDEREEN
Ëmmer erëm kréien ech di lescht Deeg ze héieren, dat ee Jonke vun engem Patron säi Stage net accordéiert kritt huet oder een iwwerhaapt keng Platz fonnt huet fir ee Stage ze mann!
2012, louch de Chômage vun de Jonker bei 18.8%. Dat heescht bal 1 op 5 hat keng Platz an der Aarbechtswelt!
Dat erkläert sech engersäits doduercher dat:
- Jonker ëmmer méi laang scolariséiert sinn
- Schoulesche System den net flexibel genuch ass fir ze erlaben dat de Jonken niewent der Schoul schaffe kann, respektiv eng Beruffsausbildung kritt.
- De Manktem un Interaktioun tëschent de Betriber an eis Schoulen. Wat och eng Erklärung ass, firwat ganz oft Schüler/Studenten nom Studium net di néideg gefrot Kompetenze vum Patron besetzen!
An mir probéieren dat ze änneren an dems mer :
- Dat Recht op eng Ausbildungsplatz fir Jidereen aféieren.
- D’Partnerschaften tëschent d’ADEM , d’Betriber an eis Schoulen fërderen
- D’Betriber, déi konsequent un d’Beruffsausbildung investéieren, steierlech entlaaschten
- D’Jugendgarantie weiderentwéckelen an zu enger Ausbildungsgarantie ausbauen